<?xml version="1.0" encoding="UTF-8" standalone="yes"?><oembed><version><![CDATA[1.0]]></version><provider_name><![CDATA[klotiii&#039;s blog]]></provider_name><provider_url><![CDATA[http://klotiiisblog.com]]></provider_url><author_name><![CDATA[klotiii]]></author_name><author_url><![CDATA[https://klotiiisblog.com/author/klotiii/]]></author_url><title><![CDATA[Fraen onerwënscht: Radio 100,7 net besser ewéi den&nbsp;RTL]]></title><type><![CDATA[link]]></type><html><![CDATA[<p>Leschte Mount hunn ech driwwer gebloggt, <a href="https://klotiiisblog.wordpress.com/2015/06/21/fraen-onerwenscht-brauch-den-rtl-eng-geschlechterquot/" target="_blank">datt beim Radio RTL een enormt Ongläichgewiicht tëscht männlechen a weiblechen Invitéeën existéiert</a>. Ech hat mech dee Moment op den RTL limitéiert, well et bei hinnen am Einfachsten ass, spréch déi mannste Klicks erfuerderlech sinn, fir all déi néideg Informatiounen zesummen ze kréien. D&#8217;Thematik huet mech awer net lassgelooss, wisou ech mer elo och d&#8217;Zuele vum Radio 100,7 ugekuckt hunn. <!--more--></p>
<p>Uganks war ech positiv iwwerrascht. Beim Invité vum Dag hat ech nom Ziele vun 1,5 Mount dach tatsächlech e Fraentaux vun iwwer 40% do stoen, mä da koum alles ganz séier anescht&#8230;</p>
<p><strong>Invité vum Dag</strong></p>
<p><a href="https://klotiiisblog.files.wordpress.com/2015/07/invitc3a9vumdag.jpg"><img loading="lazy" data-attachment-id="194" data-permalink="https://klotiiisblog.com/2015/07/11/fraen-onerwenscht-radio-1007-net-besser-ewei-den-rtl/invitevumdag/" data-orig-file="https://klotiiisblog.files.wordpress.com/2015/07/invitc3a9vumdag.jpg" data-orig-size="608,372" data-comments-opened="1" data-image-meta="{&quot;aperture&quot;:&quot;0&quot;,&quot;credit&quot;:&quot;&quot;,&quot;camera&quot;:&quot;&quot;,&quot;caption&quot;:&quot;&quot;,&quot;created_timestamp&quot;:&quot;0&quot;,&quot;copyright&quot;:&quot;&quot;,&quot;focal_length&quot;:&quot;0&quot;,&quot;iso&quot;:&quot;0&quot;,&quot;shutter_speed&quot;:&quot;0&quot;,&quot;title&quot;:&quot;&quot;,&quot;orientation&quot;:&quot;0&quot;}" data-image-title="InvitévumDag" data-image-description="" data-image-caption="" data-medium-file="https://klotiiisblog.files.wordpress.com/2015/07/invitc3a9vumdag.jpg?w=300" data-large-file="https://klotiiisblog.files.wordpress.com/2015/07/invitc3a9vumdag.jpg?w=608" src="https://klotiiisblog.files.wordpress.com/2015/07/invitc3a9vumdag.jpg?w=608&#038;h=372" alt="InvitévumDag" width="608" height="372" class="aligncenter size-full wp-image-194" srcset="https://klotiiisblog.files.wordpress.com/2015/07/invitc3a9vumdag.jpg 608w, https://klotiiisblog.files.wordpress.com/2015/07/invitc3a9vumdag.jpg?w=150&amp;h=92 150w, https://klotiiisblog.files.wordpress.com/2015/07/invitc3a9vumdag.jpg?w=300&amp;h=184 300w" sizes="(max-width: 608px) 100vw, 608px" /></a></p>
<p>Dës Radiosendung leeft vu Méindes bis Samschdes an invitéiert gëtt quasi alles, ofgesi vu SportlerInnen. Et ass also bëssen anescht ewéi den &#8218;Invité vun der Redaktioun&#8216; vum RTL wou am Fong just no politescher Relevanz invitéiert gëtt. D&#8217;Kultur an aner gesellschaftlech relevant Themen hunn hei also och hir Plaz.<br />
Dës Sendung huet de bis elo héchste Fraentaux, mat <strong>28,14%</strong> ze verzeechnen. An 239 Sendunge waren <strong>263 Gäscht, wouvunner 74 Frae waren</strong>. Mir sinn also ëmmer nach bei Zuelen, déi kloer méi niddreg sinn ewéi een Drëttel! Wéi gesot hat ech am Ufank d&#8217;Hoffnung hei tatsächlech op en akzeptabele Wert vun ëm di 40% ze kommen, déi gouf awer mat der Zäit ëmmer méi zerstéiert, well den 100,7 an dësem Joer bal just nach da Fraen invitéiert huet, wann een och iwwer Frae schwätze wollt (Beispill: Puer Mol Frae vun der CNFL oder d&#8217;Gläichstellungsministesch.)<br />
Anescht ewéi bei all den anere Sendungen déi ech iwwerpréift hunn, sinn hei d&#8217;Zuelen ab Rentrée 2014 an net ab Rentrée 2013.</p>
<p><strong>Riicht eraus</strong></p>
<p><a href="https://klotiiisblog.files.wordpress.com/2015/07/riichteraus.jpg"><img loading="lazy" data-attachment-id="195" data-permalink="https://klotiiisblog.com/2015/07/11/fraen-onerwenscht-radio-1007-net-besser-ewei-den-rtl/riichteraus/" data-orig-file="https://klotiiisblog.files.wordpress.com/2015/07/riichteraus.jpg" data-orig-size="625,381" data-comments-opened="1" data-image-meta="{&quot;aperture&quot;:&quot;0&quot;,&quot;credit&quot;:&quot;&quot;,&quot;camera&quot;:&quot;&quot;,&quot;caption&quot;:&quot;&quot;,&quot;created_timestamp&quot;:&quot;0&quot;,&quot;copyright&quot;:&quot;&quot;,&quot;focal_length&quot;:&quot;0&quot;,&quot;iso&quot;:&quot;0&quot;,&quot;shutter_speed&quot;:&quot;0&quot;,&quot;title&quot;:&quot;&quot;,&quot;orientation&quot;:&quot;0&quot;}" data-image-title="RiichtEraus" data-image-description="" data-image-caption="" data-medium-file="https://klotiiisblog.files.wordpress.com/2015/07/riichteraus.jpg?w=300" data-large-file="https://klotiiisblog.files.wordpress.com/2015/07/riichteraus.jpg?w=625" src="https://klotiiisblog.files.wordpress.com/2015/07/riichteraus.jpg?w=625&#038;h=381" alt="RiichtEraus" width="625" height="381" class="aligncenter size-full wp-image-195" srcset="https://klotiiisblog.files.wordpress.com/2015/07/riichteraus.jpg 625w, https://klotiiisblog.files.wordpress.com/2015/07/riichteraus.jpg?w=150&amp;h=91 150w, https://klotiiisblog.files.wordpress.com/2015/07/riichteraus.jpg?w=300&amp;h=183 300w" sizes="(max-width: 625px) 100vw, 625px" /></a></p>
<p>De &#8218;Riicht eraus&#8216; ass dem Radio 100,7 säi Background. Sendung leeft Samschdes Mëttes iwwer eng Stonn, geschwat gëtt haaptsächlech iwwer Politik an de Fraentaux ass net nëmmen ähnlech, mä esouguer nach eng Kéier méi schlecht. A 65 Sendunge säit dem 13. September 2013 waren insgesamt <strong>100 Gäscht</strong> invitéiert, <strong>wouvunner grad emol der 12(!) weiblech waren.</strong></p>
<p>D&#8217;Zuele vum Radio 100,7 confirméieren also déi vum RTL. An ouni et nogepréift ze hunn, wäert den Taux an den Zeitungen an um Fernseh wuel net vill anescht sinn. Wat seet eis dat? Mir liewen (ëmmer nach) an enger Gesellschaft déi Frae strukturell benodeelegen. D&#8217;Medie sinn nämlech e gutt Spigelbild vun eiser Gesellschaft, se loossen déi zu Wuert kommen déi och tatsächlech eppes ze soen hunn. An datt dat majoritär d&#8217;Männer si weist de Geschlechtertaux an de Gremie vu Parteien an Entreprisen, weist de Geschlechtertaux an der Regierung an der Chamber, etc. etc., an all dat obwuel säit Joren d&#8217;Frae besser an de Schoulen ofschneiden&#8230;</p>
]]></html><thumbnail_url><![CDATA[https://klotiiisblog.files.wordpress.com/2015/07/riichteraus.jpg?fit=440%2C330]]></thumbnail_url><thumbnail_width><![CDATA[440]]></thumbnail_width><thumbnail_height><![CDATA[268]]></thumbnail_height></oembed>