<?xml version="1.0" encoding="UTF-8" standalone="yes"?><oembed><version><![CDATA[1.0]]></version><provider_name><![CDATA[klotiii&#039;s blog]]></provider_name><provider_url><![CDATA[http://klotiiisblog.com]]></provider_url><author_name><![CDATA[klotiii]]></author_name><author_url><![CDATA[https://klotiiisblog.com/author/klotiii/]]></author_url><title><![CDATA[Onzefridden]]></title><type><![CDATA[link]]></type><html><![CDATA[<p>Wann een der leschter TNS-Ilres Sonndesfro gleewe kann trëppelen d&#8217;Pirate grad prozenttechnesch op der Plaz a goufe souguer vun de Kommunisten(!) iwwerholl. Och wann et just eng Ëmfro méi wéi 2 Joer virun den nächste Walen ass mécht mech dat Resultat zimlech onzefridden. <!--more--></p>
<p>LSAP an DP verléiere massiv u Stëmmen a mir kënnen dovunner net profitéieren? An dat obwuel mer awer regelméisseg (an ëmmer nach iwwerproportionéiert) an de Medien eis Theme plazéieren? Iergendeppes musse mer falsch maachen. D&#8217;Fro ass just wat. Schwätze mer di falsch Themen un? Schwätze mer di richteg Theme falsch un? Sinn eis Themen ze abstrakt, ze wäit ewech vum eenzelne Bierger a Biergerin?</p>
<p>Ech hat eigentlech d&#8217;Gefill, datt mer di lescht Méint, thementechnesch, relativ gutt geschafft hunn. Eenzeg héierbar Stëmm géint déi nei Anti-Terrormesuren, d&#8217;Asetze fir d&#8217;Uni.lu-StudentInnen aus dem Norden, d&#8217;ëmmer nees an d&#8217;Spill brénge vum Grondakommes, alles Saachen déi, sou hat ech den Uschäin, och vu ville Leit ausserhalb der Pirate-Bubble Unerkennung fonnt hunn.</p>
<p>Wat sécherlech feelt ass di „Präsenz um Terrain“ déi aner Parteien hunn, mä dat alleng kann net de Grond si wann een sech d&#8217;Resultat vun de Kommunisten ukuckt, oder vläit dach? Schaffe maache mer dorunner awer trotzdem di nächst Zäit genuch, virun allem en Vue vun de Gemengewalen.</p>
<p>Hu mer vläit och einfach just eis Attraktivitéit fir ProtestwielerInne verluer, well mer fir ee Résidenzwalrecht sinn an an der Flüchtlingsfro keng populistesch Positiounen anhuelen?</p>
<p>Vill Froen, wéineg Äntwerten an awer nach genuch Zäit fir se ze fannen an di richteg Schlëss drauszezéien. Dat onzefriddent Gefill bleift trotzdem.</p>
<hr />
<p> </p>
<p>Pirate-Resultater an der Emfro (a bei de Walen &#8217;13)</p>
<p>Osten: 2,9% (2,68%)<br />
Norden: 3,3% (3,37%)<br />
Zentrum: 3,1% (2,68%)<br />
Süden: 3,1% (3,03%)</p>
]]></html></oembed>