<?xml version="1.0" encoding="UTF-8" standalone="yes"?><oembed><version><![CDATA[1.0]]></version><provider_name><![CDATA[klotiii&#039;s blog]]></provider_name><provider_url><![CDATA[http://klotiiisblog.com]]></provider_url><author_name><![CDATA[klotiii]]></author_name><author_url><![CDATA[https://klotiiisblog.com/author/klotiii/]]></author_url><title><![CDATA[„Political Correctness“ &#8230;oder besser „Anstand a&nbsp;Respekt“!]]></title><type><![CDATA[link]]></type><html><![CDATA[<p>Political Correctness (PC) ass wuel eng vun deene Saachen déi grouss Deeler vun der Bevëlkerung opreegen, an dat (gréisstendeels) onofhängeg dovunner ob een sech éischter dem rietsen oder dem lénke politesche Spektrum zouuerdnet. Sou gëtt d&#8217;PC souwuel reegelméisseg vu rietsnationale PolitikerInnen à la Kartheiser, ewéi och vum beispillsweis gréissten däitsche Youtuber Gronkh thematiséiert. Déi eng reegen sech iwwer „Zensur!!“ op a wëlle just hir Meenung (oder vill méi d&#8217;„Wourecht“) soen dierfen, während déi aner sech soen „Mä et si just Wierder!“ a mam Vermeide vun deene Wierder kéint een och keng Gedanken oder Verhalensweisen änneren. <!--more--></p>
<p>D&#8217;Expressioun gouf zwar net vun de Konservativen a Rietsen an den USA erfonnt, dofir awer vun hinne säit Ufank den 90er Joeren ëmmer méi aggressiv benotzt a gëllt haut als ee vun de Kär-Kampfbegrëffer vun der politescher Rietser an de westleche Staaten. Den Trump ass ënner anerem mam Krich géint PC zum amerikanesche President gewielt ginn.</p>
<p>Dës allgemeng Haltung vum „Dat dierf een jo awer mol nach eng Kéier soen!“ huet sech duerch dat regelméissegt Rofmaache vu PC ëmmer méi an der Gesellschaft duerchgesat, sou datt haut erëm ëmmer méi Wierder an Expressioune benotzt ginn, déi eigentlech duerch an duerch beleidegend, sexistesch, rassistesch, homosexuellen- oder behënnertefeindlech sinn, ouni datt de gréissten Deel vu Leit deen se benotzt sech wierklech doriwwer am Kloren ass, einfach well een déi Wierder benotzt, déi Kolleegen, Elteren oder Prominenter och benotzen, oder awer vu Viruerteeler ofstamen.</p>
<p>Wéi kritt een déi Leit dann elo dozou hir Sproochgewunneschten ze änneren? Op kee Fall andeems een se direkt als „rassistesch/sexistesch“ ofstempelt. Net nëmmen ass ee groussen Deel dat ebe grad net, mä esou eng Konfrontatioun féiert gären dorobber eraus, datt een zimlech séier bei esou Themen d&#8217;Oueren op Duerchzuch stellt an een einfach, och gären aus Trotz, riicht domadder viru fiert. Et wëll een erreechen, datt d&#8217;Leit sech Gedanken iwwer hiert Verhale man. Dat kritt een hin andeems een se an engem frëndlechen Toun op de Problem opmierksam mécht an se ganz einfach unhand vun den Originne vun der Expressioun an dat wat se bei de Betraffenen ausléist opkläert.</p>
<p>Ech wäert dowéinst an den nächste Wochen a Méint versichen, reegelméisseg iwwer eenzel Wierder an Expressiounen ze bloggen. Dës Introduktioun zum Thema wollt ech awer mol dofir notze wisou ech perséinlech versiche mech ëmmer „politesch korrekt“ oder nee, wisou ech versichen aner Mënschen ëmmer mat Anstand a Respekt ze behandelen, och da wann ech just iwwert se schwätzen a se vläicht guer net kennen. A mat deem Saz ass eigentlech schonn alles gesot.</p>
<p>Dat wat verschidde Leit als „Political Correctness“ ofstempelen, ass eigentlech de Versuch vu Anere jidderee respektvoll ze behandelen, an all eenzel Persoun als dat ze gesinn, wat se ass, nämlech e Mënsch wéi Du an Ech.</p>
<p>Sollt et elo virkommen, datt ech iwwer ee Wuert schreiwen, wats Du reegelméisseg benotz, dann w.e.g. versich dat net als eng perséinlech Attack géint Dech ze gesinn, mä als konstruktiv Kritik. Och ech hunn an der Vergaangenheet Wierder an Expressioune benotzt déi aner Leit ugräifen/opreegen/beleidegen a wäert dat wahrscheinlech leider och an Zukunft vun Zäit zu Zäit maachen. Schliisslech ass kee Mënsch perfekt oder weess alles. Als Mënschen hu mir awer och déi wonnerbar Fäegkeet bis zu eisem leschte Moment Saache bäizeléieren, an dovunner sollte mer dann och alleguerte Gebrauch maachen. Dofir muss een awer oppe bleiwe fir eben déi konstruktiv Kritik.</p>
]]></html><thumbnail_url><![CDATA[https://klotiiisblog.files.wordpress.com/2017/01/on-political-correctness.jpg?fit=440%2C330]]></thumbnail_url><thumbnail_width><![CDATA[377]]></thumbnail_width><thumbnail_height><![CDATA[330]]></thumbnail_height></oembed>